HomeSearch › Job

NEW Educateur gradué (M/W/NB) - Internat Mäerzeg

Arcus

Luxembourg

Job at a glance

Luxembourg
Location
Arcus
Employer

Mir siche fir d'Internat Mäerzeg: Educateur gradué (M/W/NB) am CDI mat 36 Stonnen/Woch D'Internat Mäerzeg bitt Plaz fir 26 Kanner aus der Primärschoul. Hei fënns du eng Rëtsch Raimlechkeeten an e grousse Bausseberäich déi de Besoine vun de Kanner entspriechen. Mäerzeg, als naturno Uertschaft, ass déi ideal Platz vill flott Aktivitéiten zesumme mat enger qualifizéierter a motivéierter Ekipp ze gestalten.

Deng Aufgaben: Encadrement vu Kanner an hirem Alldag Entwécklung vu Bildungssettings, déi individuell un d’Entwécklung vun de Jugendleche ugepasst sinn, sou datt si sech beschtméiglech op d’Ufuerderunge vun der Schoul virbereede kënnen Uleedung zu engem kreative Bildungs- a Fräizäitverhalen Ënnerstëtzung bei allen alldagsprakteschen Aufgaben am Hibléck op d‘Verselbstännegung vun den Jugendlecher Eng enk Zesummenaarbecht mat den Elteren a mam Schoulpersonal fërderen   Däi Profil: Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier (gradué) Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen Du bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren an dokumentéieren Du bass kreativ an der Gestaltung vu Bildungsprozesser Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch a Franséisch schwätzen Du bass flexibel wat d’Aarbechtszäiten ugeet (Dag- a Nuetsschichten)   Wat dech erwaart: Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld   Iwwert eis : arcus asbl.

ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der  Aide à l’enfance et à la famille  an de  Services d’éducation et d’accueil  täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froe mir de casier judiciaire)

Search all live jobs — free, no account →